An engem Dëppen gin
1 klengen Knollenzellerie
1 Ënn
2 Äppel
2 - 3 Gromperen
ugedënst a mat Waasser mat der entspriechender Meng Geméisprittpolver opgefëllt bis alles bedeckt ass.
No 30 Minutte Kachzäit gëtt d’Zopp am Highspeedblender mat 1 Iessläffel Hanfsom crèmeg gemixt.
An enger Kasserolle ginn
e Grapp voll déck Nëss
an e Grapp Hanfsom
kuerz ugeréischtert. Si sollen nët däischter ginn, soss gi se batter.
Da gi se vun der Plakk gezunn a mat 2 Iessläffelen Walnossueleg an enger klenger Pauz Garam Masala verréiert. Dësen Ueleg gëtt beim Zervéieren iwwert Tellere ginn.
Comments