top of page

Weeblad-Sirup

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • May 15, 2020
  • 1 min read

Updated: May 18, 2020

Mat deem wonnerbare Weeblad léist sech an e puer Handgrëff ee "gudden Houschtesirup" preparéieren - sot d'Bom emol. Mir selwer, hautzudaags, däerfen awer keen Heelversprieche maachen. :)



Duerfir braucht dir

  • 100 g frëscht Weeblad

  • 10 g gedrëchenten Thymian

  • 1 Bio Zitroun

  • 1,5 Liter Waasser a

  • 950 g Zocker



D’Kraider ginn opgekacht an iwwer Nuecht auszéie gelooss.



Den Dag drop ginn d’Kraider ofgesait. Am Dëppen gëtt de Sud opgekacht, de Jus vun der Zitroun an den Zocker kommen dobäi.



Nodeems dat 10 Minutte gekächelt huet gëtt de Sirup an ofgekachte Fläschen ofgefëllt.


A fäerdeg ass äre Sirup. Deen ass elo op d'mannst 6 Méint haltbar. (An duerno, wa keng Muussen drop sinn an en net komesch richt, och nach laang... ;) )

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page