top of page

Vegan Basics: Mandel-Hanf-Parmesan

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Jul 1, 2018
  • 1 min read

Oft héiert ee jo Leit soën Vegan wier jo OK, awer ech kann einfach net op Kéis verzichten. Dat ass schonns novollzéibar, wann ee bedenkt wéi selbstverständlech Mëllechproduiten am Alldag agesat a consomméiert ginn. Och ass de héige Fett- a Salzgehalt verantwortlech fir e permanent Gefill vun "ech wëll méi dervun"! ;-)

Lo ass et natierlech och absolut verständlech datt wann ee dann net méi op Produite aus dem Drüsesekret vu Mammendéiere wëll zréckgräifen, eng Alternativ fir eppes ewéi Parmesan bestëmmt wëllkomm ass. An eise Mandel-Hanf Parmesan ass eppes Leckeres! An en ass gesond! An en ass séier geschitt. :-)


E gëtt deen extra Touch op den Nuddelen, iwwert Zaloten an a Pestoen.


Dofir brauch een:

  • 2 Iessläffelen gemuele Mandelen

  • 1 Iessläffel geschielten Hanfsom

  • 1 Iessläffel Hiefflacken

  • 1 Téiläffel Salz



An da komme mer bei den héichkomplizéierten a kichentechnesch usprochsvollen Deel:


Einfach alles mateneen verréieren an zack :-)


An deem heite Rezept benotze mir eng Versioun ouni Hanf fir op d'Routrommels-Spaghetti:




Commenti


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page