Sëlwerdaler asiatesch mat Robiniebléien
- WDBNK
- May 26, 2020
- 1 min read
Updated: May 27, 2020
D’Baueregaartsplanz par excellence, de Sëlwerdaler, dréit am Moment seng e bëssen u Réidercher erënnerent Mange-touten. Zesumme mat de Robiniebléien liwweren se haut e séiss-schaarfe Snack.

D'Sëlwerdaler gi, fir se ze verschaffen, einfach aus hire "Rumme" gezunn. Déi sinn ze haart fir se ze iessen.

Lo ginn einfach
1 Zéif Knuewelék
1 Tl geriwwenen Ingwer
d'Sëlwerdaler
Peffer a Koriander an der Pan mat Ueleg ugebroden, driwwer kënnt
1 Il Sojazoos
1Il Agavendicksaft an alles gëtt gutt vermëscht
Fir ze zervéieren komme frëschen Chilli a Robiniebléien driwwer.

Ei! Lecker! :D
Well d'Lunaria sech all Joers selwer ausséint muss een onbedengt eng Reih Daleren un der Planz ausräife loossen, soss ginn ëtt d'Joer drop keng méi.
Comments