top of page

Schäffchensräis mat gebrodenem Tofu

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Apr 23, 2020
  • 1 min read

Räis am Schäffchen hunn ech immens gär - nët nëmme well een d’Kichen da séier geraumt huet déi Zäit wou d’Dëppen am Schäffche steet, mee och well de Räis déi extra Riz Pilaf - Käeregkeet kritt.



Fir de Räis gëtt de Schäffchen op 180 Grad virgeheizt, an


  • 1/2 Porrett

  • 1 Stang Sellerie

  • 1 Schallott

  • 2 Zéiwe Knuewelék am Dëppe mat

  • Ueleg ugebroden.



Wann dat e bëssi brong ass flitt de


  • Räis


dobäi, a gëtt gerouert bis en e bëssi glaseg ass.



Dat gëtt dann opgefëlt mat der


  • duebeler Quantitéit Waasser, der entspriechender Meng

  • Geméisbrittpolver

  • Peffer

  • Muskatnoss a

  • frësche gehacktene Kraider.


Do flitt den Deckel drop an am selwechten Dëppen ab an de Schäffchen. Dat brauch lo je no Räiszort esou laang wéi ët um Pak steet.

Ech hat Parboiled Räis - also 10 Minutten an de Schäffchen setzen.


Den

  • Tofu gëtt am

  • Ueleg ugebroden a mat

  • Salz

  • Peffer

  • Koriander a

  • gedrëchentem Chilli gewürzt, wann e schéi gëlle brong ass gëtt

  • 1 Zéif Knuewelék dra gedréckt, a mat

  • engem Schotz Waisswäin ofgeläscht.



Dat gëtt lo emol gutt zesumme vermëscht.


Wann de Wäi verkacht ass kann zervéiert ginn.


Ei, do schnabbelt de Bock! :D




Comentarios


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page