top of page

Schnitzel Wiener Art mat Gromperenzalot a Fetthenne

Writer's picture: WDBNKWDBNK

Alles wat panéiert ass, schmaacht lecker - also quasi alles… ;) A wann d’ Panade dann nach sou locker Blose geheit: Mhhhmmm!




Dat Wichtegst um Schnitzel Wiener Art ass ganz kloer d’Panade. An do ginn et e puer Tricker fir et esou hinzekréen: Beim Panéieren nie d’Panade undrécken (wierklech nie) an duerno a genuch Fett ubroden. Genuch Fett dass e schwëmmt. Da geheit souguer eng vegan Panade Blosen. ;)



An esou geet dat:


Den Tofu gëtt sou dënn wéi méiglech an Tranche geschnidden



an a kaalt Waasser geluecht.



Di klasseg Panéierstrooss gëtt viirbereet - ausser dass mer VeggEgg huelen amplaz Ee.




Den

  • naassen Tofu just kuerz ofdrëpsen

  • Salzen

  • Pefferen



  • , duerch d’Miel wänzelen,



  • duerch de Vegg Egg zéien,



  • ofdrëpse loossen,



  • op d’Panéiermiel leeen a mat



  • Panéiermiel bestreen.


D’Panade nët undrécken an duerno a genuch Fett ubroden.



Am léifsten amRapsueleg mat Bottergoût. Wärend dem Baken gëtt mam Läffel den Ueleg iwwert de Schnitzel gegoss...



...da schléit e schéi Blosen. Ei! :D



Fir d'Gromperenzalot:


D’ Grompere gi geschielt an am Ganze gekacht.



Am léifsten hunn ech wann d’Grompere waarm an d’Vinaigrette fléien a se dann domatt zesummen ofkillen.

Geschnëppelt ginn e puer ageluechte Cornichongen an eng Ënn. Wie wëll kann déi och undënsten.



Fir d’Vinaigrett mixe mer

  • eng gekachte Gromper mat

  • Alee-Sud vun de Cornichongen, nach

  • e bëssi Esseg,

  • Ueleg,

  • Moschter,

  • Peffer a

  • Kraidersalz.



Di gekachte Gromper déi gemixt gëtt, gëtt der Vinaigrette eng Textur wéi wa Mayonnaise dra wier - onbedingt probéieren!



Driwwer kënnt gehackte Péiterséilech.




Super passe Blieder vun der grousser Fetthenne dobäi.



Déi ass säfteg, frësch a liicht saierzëch. Ausser an der Zalot oder am Smoothie fënnt sie och Verwertung als Heelmëttel fir Hautverletzungen, Wonnen an Entzündungen.


Esou gesäit se am Hierscht aus...


Gudden Appetit!


Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page