top of page
Writer's pictureWDBNK

Sauer agemaachte Réidercher

D’Réidercher si méi wéi zeideg a wëlle giess ginn. Bei mir leien der elo säit enger Woch am Frigo vun deenen der all Dag op der Schmier an an der Zalot landen, an awer sinn ët der zevill. Déi schéi grouss a laang Zort gëtt haut geraspelt. Déi kleng ronn si méi einfach ze verschaffen andeems een se einfach a Rondelen oder just hallef duerchschneid.



D’Réidercher ginn einfach direkt an d’ausgekachten Amaachglas geraspelt. Bei de Gewürzer kann ee kreativ ginn. Bei mir woren ët dëss Kéier pro Glas

  • 1/2 Tl Moschtersom

  • 1 Tl Rosa Peffer

  • 1/2 Tl Koriandersom

  • 2 Piment (Allspice)

  • 1/2 Tl schwarze Peffer



De Sud gëtt am Dëppen opgekacht


250 ml Esseg

500 ml Waasser

1 Tl Salz

4 Il Réihrouerzocker


dee kënnt kachend iwwert d’Réidercher, an den Deckel gëtt direkt zougemaach.



No e puer Deeg ass de Goût schéin duerchgezunn, an haalbar ass dat Ganzt bis een se giess huet :-)




0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page