De Romanesco ass esou e schéint Geméis, an esou séier präparéiert :-)

Ee Romanescokapp gëtt am gesalzene Waasser mat enger Scheiwchen Zitroun 10 Minutte gekacht.

Fir Cashew-Hanf Zooss gëtt
eng Ënn mat e bëssi Rapsueleg glaseg gedënst.

Dës gëtt mat
engem Grapp Cashewen,
1 Iessläffel geschieltenen Hanfsom,
1 Téiläffel Geméisbrittpolver,
schwarzem Peffer a Muskat zesumme mat
2 Louche vum Kachwaasser
gemixt.

De Spinat gëtt graff gehackt a mat der gemixtener Zooss 1/2 Minutt opkache gelooss.

Wie gäer e bëssi Schäerft um Plat huet, kann gedrëchenten Chilli driwwer ginn.

Gudden Appetit!
Commentaires