Jepp! Funkien kann een iessen! An zwar alleguer, ob gréng geprinselt, giel-wäiss gesträift, ganz gréng…
Am allerbeschten si se wa se frësch aus dem Buedem dreiwen. Da si se ganz zaart. Awer och elo sin se nach ganz brauchbar :-) Et pléckt een déi schmuelsten a frëschste Blieder vun der Planz. Et kann een se réi knabbelen an der Zalot genéissen, oder undënsten.
An dat ass dat wat mer haut maachen :-) D'Funkien därfen nët ze laang an der Pan broden soss gëtt d’Konsistenz méi zéih! Also an d’Pan flitt e Knuewelék eng Graff geschnidden Enn, e graff geschniddenen Paprika, Agavendicksaft an eis gewäschen, naass Funkie.
Déi gëtt elo mat Sojozoos ofgeläscht, a maximal 2 Minutte brode gelooss. Driwwer därf nach e bëssi geréischterte Sesam .. mmhhm!
Fäddisch a lekkä. :-)
コメント