Hasselback-Variatioun mat Séissgromper (vegan)
- WDBNK
- Mar 30, 2019
- 1 min read
D'Hasselback Gromper ass eng Spezialitéit aus Stockholm. Mi maachen hei eng Variatioun vum Originalrezept: Des Kéier gëtt ët se emol als Séissgrëmperchen.

D’Séissgrëmpercher gi gewäsch an am Ofstand vun all halwem Zentimeter zu 2/3 ageschnidden.

Da gi se mat Olivenueleg ageriwwen, e bëssi gesalzt an am Schäffchen bei 190 Grad Ëmloft 45 Minutte laang gebak.

Driwwer passt gutt eng séier Avocadoszooss.

Dofir
2 Avocadoen mat
1 Zéif Knuewlék,
dem Jus vun 1/2 Zitroun,
Salz,
Peffer,
scharfem Paprikapolfer an enger butzeger
Grëtz Kreuzkümmel
mixen.

Beim Zervéieren gëtt verfeinert mat frëschem Koriander, Fréijoersënn an e bëssi Chilli.

Gudden Appetit!
댓글