top of page

Gänseblimmerchers-Pastinakenzopp (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Apr 16, 2019
  • 1 min read

Hei eng Zëppche mat eiser Planz vum Mount Abrëll 2019, dem Margréitchen/Gänseblimmchen. Mir präparéieren haut eng Zëppchen mat Pastinaken a mat dëser flotter wëller Blimmchen.



Duerfir braucht Dir:

  • 5 Gräpp Gänseblimmercher

  • 1 Schalott

  • 1/2 Pastinak

  • 3 Gromperen

  • 1 Grapp Cashewen

  • Geméisbrittpolver

  • 2 Neelcheskäpp

  • 1 Blad Magiskraut

  • 1 Zitroun

  • Salz a Peffer


Fir unzefänke ginn

  • 1 Schalott an

  • 1/2 Pastinak

zerschnëppelt an ugedënst. Dann 1 1/2 Liter driwwer schëdden mat der entspriechender Quantitéit Geméisbrittpolver.


Dobäi fléien elo

  • 3 Gromperen,

  • 2 Neelcheskäpp an engem Téi-Ee,

  • 1 Blad Maagiskraut

an da gëtt mat oppenem Deckel kache gelooss bis d’Grompere mëll sinn.


Elo flitt ales an de Mixer, zesumme mat

  • engem Grapp Cashewen a

  • 4 Gräpp Gänseblimmercher.

Mixen an eemol kuerz opkache loossen.


Ofschmaache mat Salz, Peffer an Zitrounejus.


1 Grapp Gänseblimmercher an e bësse gehackte Péiterséilech als Deko iwwert d’Zopp streeën.


Eng liicht, séier Zëppchen, déi gutt an d'Fréijoer passt. Loosst se Iech schmaachen!

コメント


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page