top of page

Margréitchen (Gänseblimmchen)-Gesiichtsmask mat Heilerde an Huewer

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Apr 27, 2019
  • 1 min read

Updated: Apr 28, 2019


Wie gäere weess, wat en sech op seng Haut schmiert, deen huet am Beschten, e preparéiert sech seng Kosmetik selwer.



Hei hu mir eist Rezept fir eng Margréitchen-Gesiichtsmask. Dat ass dach och mol eng flott Aart a Weis, eis Planz vum Mount Abrëll 2019 anzesetzen. ;) Si ass immens wierksam bei onrenger Haut, bei Entzündungen a bei Akne. Fir dës Wierkung nach ze ënnerstëtzen, huele mir nach eng aner Zoutat: Den Huewer. Iwwerliwwert ass, dass scho virun 2000 Joer den Huewer als “Hautverschéinerungsmëttel” benotzt ginn ass. Hien huet prinzipiell déi selwecht positiv Eegeschaften ewéi d'Blimmchen. Fir empfindlech Haut ass eis Gesiichtsmask och nach en duusse Peeling, deen nët reizt.


Als Ueleg huele mir Jojoba-Ueleg. Wousst Dir, datt et sech beim Jojoba-Ueleg eigentlech ëm ee Wues handelt? En ass dem mënschlechen Talg immens ähnlech a schützt viru Waasserverloscht an enzitt de Bakterien déi Entzündunge provozéieren hir Liewensgrondlag op der Haut. Also genee dat Richtegt fir eis Mask.



Mir huelen:

  • 20 g Heilerde

  • 20 g Huewerflaken

  • 1 Iessläffel Margréidercher (Gänseblimmercher)

a mixen se am Mixer mateneen.



Dës drëche Präparatioun ass elo laang haltbar, wann ee sech d'Margréidercher een Dag virgedréchent hat. Déi kann ee sech maachen, an halen, an se dann umësche wann e se wëll benotzen. Dann huelt Dir pro Iessläffel Pudder een Iessläffel Waasser an een Téiläffel Jojoba-Ueleg.


Duerno vermesche mir dat mat


  • 40 ml Waasser an

  • 1 Iessläffel Jojoba Ueleg

Dat geet awer och gutt mat Sonneblummenueleg oder Dëschtelueleg.



Déi fäerdeg Mask gëtt opgedro, an no 20 Minutten mat wotlechem Waasser ofgespullt.



An zack, sitt der rëm schéin! :D


Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page