top of page

Gänseblimma Cotta - "Panna" cotta mat Margréidercher (vegan)

Writer's picture: WDBNKWDBNK

Et ass mol nees un der Zäit fir en Dessert. An hei ass eist Rezept fir eng séier, einfach Gänseblimmacotta, séiss Schneekerei mat eiser Planz vum Mount, dem klenge Margréitchen.



Wat Dir duerfir musst maachen ass dëst:


  • 1 Tl Agar Agar gëtt an

  • 500 ml kaalem Waasser agerouert, a mat

  • 100 g Agavendicksaft,

  • 1 Pauz Salz, an

  • 1/2 Téiläffel Vanille


opgekacht, an 1 Minutt kächele gelooss.



Am Highspeedblender ginn

  • 135 g Cashewen an

  • 1 Grapp Gänseblimmerchersbléien

zesumme mam kachenden Agar-Waasser gemixt.



Duerno muss dat Ganzt nach emol zréck an d’Dëppen an 1 Minutt kachen.



Da flitt alles an d’Förmercher a gëtt gekillt. 1 Stonn an den Tiefkühler, oder 2 Stonnen an de Frigo.



Zervéiert gëtt mat frësche Bellibléien an eventuell enger fruchteger Ärdbier oder Hambierszooss.



Gudden Appetit.

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page