top of page

Grompere-Brokkoli-Gratin

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Jun 6, 2020
  • 1 min read

Zäit nees fir een deftegt, einfacht Rezept. A wat ass méi praktesch, lecker an #nommnommnomm ewéi ee gudde Gratin? :D


Fir de Grompere Brokkoli Gratin gi


  • réi Gromperen


geschielt a mam Huwwel a Scheiwe geraspelt.



Déi fléien ofwiesselnd mat


  • réie Brokkolisréisercher


an eng Gratinsform.



Driwwer koume bei mir zwou Zoossen: eng méi flësseg déi schéin iwwert alles ka lafen an eng kéiseg, zéieg, fir de Gratinsfeeling. :D


Flësseg Zooss:


  • 500 ml kachend Waasser gi gemixt mat

  • 2 Gräpp Cashewen

  • 1 kleng Tas Hiefflacken

  • 1 Tl Geméisbrittpolver

  • 1 Tl Coriandersom

  • Peffer a Salz



Di gëtt iwwert alles driwwer geschott.


Zéieg Zooss (de Kéis ;) ):


  • 500 ml Waasser

  • 2 Gräpp Cashewen

  • 2-3 Il Gromperemiel

  • 1 Tas Hiefflacken

  • 1 Tl Kurkuma

  • 1 Tl Brittpolver

  • Peffer

  • Kraidersalz



ginn am Dëppen opgekacht an iwwert dem Plat verdeelt.



Dësst däerf elo 50 Minutten bei 180 °C am Schäffchen viru sech hi gratinéieren! Dann dra picken, a kucken ob se duerch sinn - soss nach e bëssen Zäit loossen.



An dann ass et souwäit - Gudden Appetit! :D

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page