top of page

Gemëschten Zalot mat karameliséiertem Rhubarb a Mandelen

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • May 18, 2019
  • 1 min read


1 Still Rhubarb gëtt gebotzt an a Stéckelcher geschnidden.



Da mat engem Grapp Mandelen an enger gudder Strutz Agavendicksaft vermëscht.



Am Schäffchen däerf dëst 10 Minutten bei 210 Grad karameliséieren.



Als Vinaigrette eegent sech eng liicht Versioun aus

  • 4 Il Ueleg

  • 2 Il Esseg

  • Peffer a Salz

  • eng Pauz gemuelene Koriandersom

  • 1/2 Téiläffel Käremoschter

  • d’Gréngs vun 1/2 Fréijoersënn



Am beschten zervéiert een de Rhubarb mat de Mandelen frësch aus dem Uewen op der Zalot, sou dass se nach waarm kënne giess ginn. Dann ass ët e Genoss :)


Als gemëschten Zalot hate mir


  • Eichblatt gréng a rout

  • Sauerampel

  • jonk Schafgarbe

  • jonke Batteralzem (Beifuss) a

  • Penséen


och gutt ass natirlech jonke Spinat dran. Mmmmhh. :D



Den Topping ass och mega op enger Glace! Probéiert et aus!


Gudden Appetit!

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page