Fir dëse fruchtegen Chutney, ginn zwou Knuewlékszéiwen mat 2 gedrëchenten Chillischoten, engem Téiläffel Moschterkären a Kreuzkümmelsom am Ueleg ugebroden.
Dobäi kënnt e Läffel Currypolfer an 500 g entkäerten Mirabellen. Nom Ëmréieren därfen 2 Iessläffele Waasser, en Téiläffel Salz a schwaarze Peffer mat dran. Dann zougedeckt 8 Minutte brutschelen loossen, ëmfëllen an ofkille loossen. Fäerdeg. ;-)
Комментарии