top of page
Writer's pictureWDBNK

Dräiblat-Wierz-Salz

Elo ass Dräiblat (Giersch) Zäit!

Elo ass de Moment an deem de Giersch schéin zaart a würzeg ass, also de perfekte Moment vun em ze profitéieren!


Dëst Joer maache mir, nieft dem "normale Kachen" een Dräiblat-Wierz-Salz an e Dräiblat-Pesto.

Fir Rezepter vun de Jore virdrun, hei e puer Linken:



Dëst Joer notzen ech en, nieft dem Kachen, fir Gierschsalz a Pesto ze maachen. Zwou Methoden fir dat gesond Wëllgeméis och nach no senger Zäit kënnen ze genéissen. Giersch Salz: Fir dat würzegt Salz gëtt:

  • 1/2 Seibecke Gierschblieder mat

  • 1 Tas Salz an

  • e bëssi Bio-Zitrouneschuelofriww

gemixt.



Op e Bakpabeier verstrach, an drëchene gelooss.


Sollt et verklumpen, einfach am drëchenen Zoustand nach eemol mixen. An dann ab, an de Gewürzschaf. :D


D'Dräiblat ass e super Wëllgeméis dat all Joers zréck kënnt. Ewéi schonns d'lescht Joer am Rezept fir e séiere Dräiblat-Cooler beschriwwen:


D'Dräiblat (Buedemhielänner/Giersch) fënnt een op schietegen Plazen. Besonneg um Rand vu Bëscher oder hannert Hecken.


De Geroch an de Goût erënneren un eng Mëschung aus Wuerzelen a Péiterséilech. Giersch wiisst immens gutt, a war iwwer Jorhonnerte beléift well et dat éischt Geméis am Joer war, wat d'Leit mat Vitaminne versuergt huet.


De Buedemhielänner huet vill Kalzium, Kalium, Koffer, Zénk, Mangan, Magnesium a Flavonoiden. Zudeems huet e 4 mol méi Vitamin C wéi Zitrounen, vill Vitamin A an Eewäiss.

An net ze vergiessen: E schmaacht immens gutt - a kascht näischt. ;-)

Defteg ewéi och séiss eng Delikatess!

0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page