top of page
Writer's pictureWDBNK

Dem Plato seng léiwste Fajitas ;-)

Dat vun der Antike bis nom Mëttelalter vill benotztend Fréijoersgeméis erkennt ee ganz gutt u senge Blieder déi ëmmer zu dräi beieneen wuessen: si sinn hellgreng a liicht behoert. "Wa Fajitas, da just mat Buedemhielenner", sot schonns den agefleeschte Vegetarier Plato, a mir si senger Meenung! ;-)



De Buedemhielänner (Giersch) fënnt een op schietegen Plazen. Besonneg um Rand vu Bëscher oder hannert Hecken.


Ground Elder Patch
Sou gesäit de Buedemhielänner aus wann en an der Famill ass

De Geroch an de Goût erënneren un eng Mëschung aus Wuerzelen a Péiterséilech. Giersch wiisst immens gutt, a war iwwer Jorhonnerte beléift well et dat éischt Geméis am Joer war, wat d'Leit mat Vitaminne versuergt huet.

De Buedemhielänner huet vill Kalzium, Kalium, Koffer, Zénk, Mangan, Magnesium a Flavonoiden. Zudeems huet e 4 mol méi Vitamin C wéi Zitrounen, vill Vitamin A an Eewäiss.

An net ze vergiessen: E schmaacht immens gutt - a kascht näischt. ;-)

Fir d’Fajitas, gin d’Tortillas an e fiischt Duch geweckelt, an am Uewen op 50 Grad gewiermt.

An der Pan gebrode ginn

  • 1 Enn

  • 2 Zéiwe Knuewlék

  • 1 Paprika

  • 1 Saibecke voll Buedemhielänner (Giersch)

  • 1 déck Tomate

ofgeschmaacht gëtt mat Salz, Peffer a Kreuzkümmel.

5 Minute kächele loossen.

Fir d’ Guaccamole gin,

  • 2 Avocadoen

  • 1 zéif Knuewlék

  • De Jus vun 1 Zitroun

  • 1/4 Glas Waasser

  • Peffer, Salz a Kreuzkümmel gemixt.

Di zwou Saachen gin an der Mëtt vun dem Tortilla verdeelt an zesummegerullt.

De Rescht Guaccamole gëtt niewendrunn zervéiert.

0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page