Dëse schnelle Plat passt gutt bei Räis oder Graupen.
An enger Pan mat Ueleg ginn,
2 gehackten Zéiwe Knuewelék,
en Chilli,
en Téiläffel Kreuzkümmel,
e Lorberblad
zwee Neelcheskäpp
eng Schallott,
an déi mam Duch oder mat der Geméisbiischt entfloomten a geschnidden (de stréiege Stronk muss gutt erausgeholl ginn, deen ass soss onangenehm) 3-4 Quitten
ugebrode bis se liicht ugebrongelt gëlle ginn.
Dobäi kommen dann
2 gewierfelt Tomaten.
Nom Ëmréieren kënnt dann en
1/2 Gliesschen Waasser,
eng déck Pouz Salz an
e klenge Schoss Apeldécksaft an
e bëssi Peffer dran.
Lo därf dat kächele bis d’Quitte mëll sin, ower nët zerfalen.
Mmhh lekker :-)
Commentaires