top of page

Crèmege Vitamin D - Champignonragout op Kurkuma-Spaghettoni

Writer's picture: WDBNKWDBNK

Champignonen tanken Vitamin D - oh jo!


An der Natur si Champignonen a Pilze Vitamin D - Bommen a strotzen nëmmen esou dovun. Déi meescht Champignonen déi een ower am Butték ze kafe kritt hu nach ni d'Sonneliicht gesinn, an hunn deemno och net vill bis kee Vitamin D. Lo hu Fuerscher erausfonnt, dass een Champignonen och nach nom Plécke mat Vitamin D optanke kann! Am Labo dauert dat knapps 15 Sekonnen ënnert den UVB-Luuchten. Awer dat klappt och doheem, mat frësche Champignonen. Alles wat een duerfir braucht, ass direkt Sonn (net duerch d'Fenster) an e puer Minutten. :-) D'Champignonen ginn da virum Kachen einfach eraus an d’Sonn geluecht. Den Ergosterol deen an de Champignonen ass wandelt sech duerch UV Stralen a Vitamin D2 ëm. An Zack: Vitamin D gelueden!


Trotzdem geet fir d’Vitamin D-Versuergung vum Kierper näischt iwwert Sonnestrahlen direkt op der Haut. :-)


An elo... zum Rezept. :-D


Crèmege Vitamin D - Champignonragout op Kurkuma-Spaghettoni


Vir d’alleréischt gëtt d’Waasser opgesat, well de Ragout ganz schnell gekacht ass :-)


D’Vitamin D betankten

  • Champignone gi gevéierelt, an am

  • Ueleg ugebroden, dobäi fléien

  • 2 geschnëppelt Knuewlékszéiwen, an

  • 1 Schalott



Wann alles e bëssi brong ass, an de Buedem vum Dëppen di typesch Röstschicht huet, gëtt ofgeläscht mat


  • 1 Glas Wäisswäin, an dobäi flitt

  • 1 Passette voll Brennesselblieder oder Spinat (ouni d'Passette)


An d’Kachwaasser vun den Nuddelen kënnt


  • Salz an

  • 1 Messerspëtzt Kurkuma (frësch gerappt oder gedrëchent), a wann et da kacht natiirlech

  • d’ Nuddelen :-)


Am Mixer ginn


  • 1+1/2 Grapp Cashew Nëss mat

  • 1 Téiläffel Brittpolver

  • Peffer an

  • 4 déck Louche vum Kachwaasser


crèmeg gemixt an iwwert Champignonen ginn.


Dëst soll elo kuerz opkachen, ower nët méi laang ewéi 1 Minutt well d'Cashewzooss sech soss trennt.



Wien ët gär e bëssi Spicy huet ka mat e bëssi gehacktem Chilli bestreet servéieren!


E Gudden Appetit!

0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page