top of page

Bippercher mat Spargelen am Schäffchen

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • May 19, 2020
  • 1 min read

Et ass Spargelssaison! Am allerléifsten hunn ech dee grénge Spargel einfach an der Pan gebroden op Nuddelen, gebrode mat Äerdbieren als Zalot, oder wéi hei: am Schäffchen mat Gromperen. E ganz einfache Plat, awer mega lecker!



De Schäffchen gëtt virgehëtzt ob 190 °C


1 Schossel Gromperen gi gebotzt, a Schëffercher geschnidden, a mat

  • 100 ml neutralem Ueleg, mat

  • 1/2 Tl Schwarze Peffer

  • 1/2 Tl gemuelene Koriandersom

  • 1/2 Tl Paprikapolver

  • 1/2 Tl Salz



an enger Schossel gemëscht, an um Bakpabeier 18 Minutten virgebak.


  • 1 Bond Spargelen



gëtt gebotzt, an 3 geschnidden an duerch dee selwechten Ueleg gewänzelt.



Wann d’Zäit vun de Gromperen ëm ass, ginn d’Spargelen dobäi ginn an10 Minutten mat gebak.


Déi Zäit gëtt eng Vinaigrette gemaach aus


  • 3 Iessläffelen Esseg

  • 1 Il Ueleg (gäer och vu virdru wann däers nach iwwreg ass)

  • 1 Tl Moschter

  • 1 zerdréckten Knuewelékszéif

  • Salz

  • Peffer



Da gëtt


  • 1 Tomate


gëtt kleng geschnëppelt, an alles mat


  • Kraider no Choix


gemëscht.


Mhhh, dat ganzt gutt waarm genéissen! E Gudden!

Comentários


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page