top of page

Venezuelanesch Arépas (vegan + glutenfräi)

Writer's picture: WDBNKWDBNK

Fir dës venezuelanesch Spezialitéit brauch een normalerweis virgekachtent Maismiel, dat selwecht aus dem och traditionnel Nachos gemaach ginn. Dat ass hei nët esou einfach ze fannen, dofir hun ech d’Rezept mat virgekachter Maisschmull probéiert. A well mir dëst mam Rescht Zoutaten am Highspeedblender mixen, kënnt een tiptopt Resultat fir den Deeg eraus. :-D




Deeg:


Rezept mat Schmull:

  • 2 Tase Mais-Schmull (Polenta)

  • 1 1/2 Tas waarmt Waasser

  • 1 Iessläffel gemuelene Koriander

  • 1 Téiläffel Salz

  • 2-3 Bliedercher frësche Koriander

  • 2 Iessläffele Sojamiel ginn am Highspeedblender mat Stampfer zu engem Deeg gemixt


Rezept mat Maismiel (wann Dir dees fonnt hutt):

  • 2 Tase Maismiel

  • 2 Tase waarmt Waasser

  • 1 Iessläffel gemuelene Koriander

  • 1 Téiläffel Salz gi verréiert an da geknied bis en Deeg entsteet.



Den Deeg däerf elo zougedeckt op d'mannst 10 Minutte stoe fir sech gutt ze bannen.



Da gëtt jeweils en décken Iessläffel Deeg an der Hand zu engem Ball geformt, an enger Pan mat Ueleg plattgedréckt an zu zwou Säiten bei mëttel-héiger Hëtzt duerchgebroden.



Dat sinn dann d'Arépas. :-D



D’Arépas ginn dann duerchgeschnidden a gefëllt.


Fëllung:


  • 1 geschnëppelt Ënn

  • 2 Zéiwe klenggehacktene Knuewelék

  • 2 gedrëchent a gebrachen Chillien

  • 1 klengen Téiläffel Kreuzkümmel ginn am Olivenueleg ugebroden.



Dobäi kommen

  • 1 Iessläffel Tomatemuerg,

  • 4-5 gevéierelt Tomaten an

  • 1 Glas gekachte Kidneybounen



Mam Deckel drop däerf dat 10 Minutte brutschelen.


Ofgeschmacht gët mat Salz a Peffer.


Avocadoszooss:



Fir d'Avocadoszooss ginn

  • 2 Avocadoen mat

  • 1 Zéif Knuewlék, dem

  • Jus vun 1/2 Zitroun,

  • Salz a Peffer,

  • 1 Téiläffel schaarfem Paprikapolver

  • 1 Grëtz Kreuzkümmel gemixt.



Fir ze zervéieren ginn d’Arèpas ageschnidden, mat de Bounen der Avocadoszooss gefëllt. Da mat frëschem Koriander, klenggehacktene Fréijoersënnen a wien ët gäere méi schaarf huet, frëschem klenggehacktenem rouden Chilli garnéiert.



0 comments

Recent Posts

See All

Comentários


bottom of page