Wat De Bauer Net Kennt
wann dir eis Missioun wëllt ennerstëtzen géife mir eis iwwert e klengen Don freen. Den Hosting an d'Ennerhale vum Site kaschte Suen, an et wir flott wann de Projet sech kéint selwer droen :)
D'Missioun vu WDBNK
Op éischter Plaz steet bei Wat de Bauer net kennt - WDBNK den Ëmweltschutz an d’Erhale vum Wësse vun eise Virfahren. An eiser Gesellschaft gouf et an deene leschte Jorzingten e Wandel dee mat sech bruecht huet, datt d’Bewosstsenn iwwer wat an der Natur vun Iessen a Medizin fräi verfügbar ass, verluere gaangen ass.
Planze maachen hir Wuerzelen duer wou si déi richteg Mooss u Liicht, Waasser an Nährstoffer fannen déi si brauchen. Da wuessen si, bléien a stierwen andeems si de Som fir déi nächst Generatioun hannerloossen. Dëst ass de Kreeslaf vum Liewen, dee kee Besoin u mënschlecher Interventioun huet. Alles wat mir musse maachen ass eis Schung unzedoen an eis op de Wee ze maachen d’Friichte vun der Natur ze plécken.
Eist Zil ass et, d’Wëssen iwwer Wëllkraider, wëllem Geméis an aner iessbar Planzen lieweg ze halen an Iech Iddien ze ginn wéi dir dorausser lecker Plate preparéiere kënnt.
Iwwer Jordausenden hunn d’Mënschen Wëllkraider a wëllt Geméis gesammelt. Si woren hir Nahrung a gläichzäiteg hir Medizin. D’Wëssen iwwer d’Wierkung vun de Planzen ass esou vu Generatioun op Generatioun gewuess, bis datt eis Gesellschaft sech verännert huet. D’Wëssen ass net méi viru gi ginn, de neie System huet e Vergiesse mat sech bruecht.
Mir sinn der Meenung datt et héich Zäit ass dëst Wëssen nees zréck ze bréngen and d’Iessen nees méi no bei d’Häerz vun de Leit ze bréngen. Gitt een Deel vun eiser Missioun an ënnerstëtzt eis andeems Dir eis op eise Social Media channels followed.